Geschicht vun der Wahler Musik

Geschicht vun der Wahler Musik aus der Brochür 100 Joer Wahler Musik 1910-2010

Si dir nach interesséiert un enger Broschür da mellt Iech bei engem vum Kommitee

 

GRËNNUNGSMEMBEREN
Am Jor 1909 souzen eng Parti Awunner vu Wahl gemittlech beiënän. Si all hate Spaass u Musik a Gesank, an hu voll Begeeschterung e Musiksveräin gegrënnt. Net all Mënsch am Duerf war dovun ageholl. Me apart déi Jonk ware begeeschtert. Am Dezember 1909 ass dunn de Veräin ënnert dem Num "Concordia" definitif gegrënnt gin vun 16 Mann:
Assa Mathias
Ney Eugène
Ney Jean-Pierre
Wilmes Jean-Pierre
Brück Henri
Kneip Edouard
Bertemes Jakob
Kneip August
Kneip Nicolas
Thill Pierre
Metz Johann Gillen Guillaume
Hoffmann Jean-Pierre
Hosch Guillaume
Koenig Johann
Konrath Mathias

Ëischte President gouf den Nicolas Kneip. Fir Vize-President ass den Henri Brück, fir Keessier den Edouard Kneip a fir Sekretär den Eugène Ney geweelt gin. 

HISTORIQUE
De neie Veräin huet e sëlliche Schwierigkeete begéint. Mee d'Energie, den Asatz an d'Begeeschterung vun den neie Musikanten huet sech durchgesat. D'Musik sollt de Leit, besonnesch der Jugend, en nëtzlichen Zäitverdräif, Bildung a Kultur bréngen. Lues me sécher gung et virun. De Lokalveräin huet der jonker Gesellschaft e Raum zur Verfügung gestallt fir ze prouwen. Den Här Jean Mergen war bereet déi éischten Dirigenteplaz unzehuelen.
Eng vun den Haaptsuergen vum Veräin war Suën an d'Keess ze kréien. Me och hei huet den Asatz vum ganzen Duerf, wéi och vun de Musikante selwer, eng Léisung bruecht. All aktive Musikant huet 15 Frang bezuelt, wann en an de Veräin komm ass, an duerno all Mount 1,55 F. En Tour mam "Affersäckelchen" durch d'ganzt Duerf huet 555 F erabruecht. Fir e méi zolite Fong ze hun, huet d'Musik beim Notär Neumann vu Feelen 300 F geléint. Zwéin Awunner vu Wahl ware Biirg fir déi Zomm. D'Geld konnt schon am Juli 1910 zréckbezuelt gin. D'finanziell Belaschtung vun de Musikanten war fir déi Zäit zimlich héi. An dach huet d'Begeeschterung net ofgeholl. De 5. Februar 1910 sen déi nei Instrumenter vun der Firma Kessels aus Tilburg, Holland, ukomm. Direkt duerno hun d'Prouwen ugefong. Mat Geschéck a vill Ploerei huet den Här Mergen den neie Musikanten d'Regelen vun der Musik bäibruecht. Méi wéi eng Kéier ass et och mol méi streng rof gang. Schon den 10. Abrël 1910 huet de jonke Veräin sech getraut ze weisen, wat se scho konnten. Fir d'éischte Kéier war e flotte Marsch an de Stroosse vu Wahl ze héieren.

Am Dezember 1911 war en traurige Moment fir d'Musik: e vun den äifrigste Grëndungsmemberen, de Wilhelm Hosch, ass a jonkem Alter un enger hannerhältiger Krankheet gestuerwen. He war den éischten Awunner vu Wahl dee mat engem Trauermarsch begruewe gin ass.
Am Mä 1911 ass beschloss gin, e Fändel unzeschafen. En ass geliwert gin vun der Firma Nickels - Bomb vu Lëtzeburg fir 160 Frang. Wéinst der morer Keess ass d'Aweiung vum neie Fändel ganz rouig rofgang. Vun elo un ass den neie Fändel houfrig virop gedro gin. Am Jor 1922 huet déiselwecht Firma en neie Fändel geliwert fir 1416 Frang. Dat war engt richtigt Prachtstéck. En ass den 18. Juni 1922 ageweiht gin. All Gesellschaften aus der Emgéigend hu mat gefeiert. Désen Dag gélt als e vun de groussen a wichtigen an der Geschicht vun der Musik.
Am Jor 1917 war den Här Mergen vu Grosbous gesondheetlich net méi gud drop. Hen huet d'Arbicht als Dirigent mussen opgin. Dunn ass den aktive Musikant Edouard Kneip vu Wahl agesprong, an huet de Veräin mat Geschéck, Äifer an Erfolig bis 1923 dirigéiert. Am Jor 1924 iwerhëlt den Här Alex Schwindt vu Protz den Dirigentestaf fir eng ganz lang Zäit. D'Musikanten se ganz komerodschaftlich mat him ëmgang, an trotzdem hun se hen stark respektéiert.
Am Jor 1922 huet den éischte President Nicolas Kneip aus Alters- a Gesondheetsgrënn d'Plaz opgin. Bis zu séngem Doud blouf hen Ëierepresident. Deemols war den Här Jean-Pierre Wilmes Burgermäschter. Hen ass als neie President geweelt gin. Leider ass he schon 4 Jor drop gestuerwen. Dunn ass eestëmmig den Här Edouard Wagner geweelt gin. Hen huet de Veräin lang Joren mat Geschéck an Ausdauer geleet.

1936 ass d' 25-jährigt Stëftungsfest mat vill Eieregäscht a Gesellschafte gefeiert gin. De groussen Dag war de 2. August.
No der Houmass se Bloumen op d'Greewer vun de Grénnungsmemberen Kneip, Ney a Wilmes néier geluegt gin. Géint 3 Auer hun 17 auswärtig Gesellschaften sech opgestallt fir de Cortège. D'Stroosse vum Duerf ware mat Tënnebäm gerëscht. Duerno ass alles beim Kiosk virun der Schoul beiënä komm. Op dem Kiosk souzen als Ëieregäscht: Den Här Chamberpresident Reuter, d'Deputéierten Lamborelle, Gengler a Peffer, den Här Notär Martin, de Postdirekter Jaaques, den Affekot Reuter, de Landbau-Ingénieur Zanen, de Festcomité mat Gemengerot a Paschtouer. Den Här Burgermäschter Wagner huet déi éischt Reed gehal; hen huet un d'Grënner vum Veräin erënnert. Hen huet jidferengem merci gesot deen zu dem flotte Fest bäigedro huet. Mat engem Ëierewäin an dem Ausdeelen vun Erënnerungsmedaillen ass den offiziellen Deel vum Fest zu Enn gang. Et war och dichtig akaft gin fir dëse groussen Dag: Polver, Champagner, Zigaren, Bréiderchen a Wirschterchen, Gedrénks, Bouquet'en, Medaillen fir déi agelueden Veräiner. Alles an allem fir 4.489 Frang.

An den 30er Joren ass den Hämmelsmarsch durch Wahl gespillt gin, mat virop engem oder puer Schof mat hirem Schéifer. De Schéifer krut döfir 15 bis 25 Frang.
Am Abrël 1939 ass och zu Wahl 100 Jor Lëtzeburger Onofhängigkeet gefeiert gin mat Fakelzuch a Lampion'en. E Fräiheetsbam gouf geplanzt.

Vu Januar 1941 bis Dezember 1945 huet d'Musik all Aktivitéiten opgin, fir net bei Nazi - Feierlichkeeten mussen derbäi ze sen.1946 ass de Veräin rem mat 20 Mann aktiv gin. D’Musiksprouwen waren am Theatersall iwwert dem Lokalverein. Am Wanter war et dobannen su kaal wéi dobaussen an duerfir ass all Jor e jonke, staarke Mann bezuelt gin fir Holz ze schneiden, ze räissen, et op de Späicher ze droen, d' Feier unzefänken asw. Enner anerem waren dat: Hahn Leo, Koenig Willy, Kirtz Jos, Mangers H., Mayer René, Assa Josy, Weibel Ch., Malget ... An deenen Zäiten sen och all Jor eng Parti Liter Branntewäin verzehrt gin. An Holland war 1953 eng ganz schlëmm Iwerschwemmungskatastrof. D'Musik huet 4000 Frang fir déi Sinistréiert spendéiert.

Wann d'Musik 1955 bis 1958 Fester gefeiert huet, war den " Zockernéckel " vu Gréivels dack derbäi fir Danzmusik ze spillen. Den Danzbuedem bei deene Fester hate si selwer 1952 gemät. D'Material hat 3400 Frang kascht. Den Danzbuedem ass dack ausgeléint gin. Bei de Fester war de Lukas och ëmmer derbäi. Den Assa Nékel an den Hermes Paul haten en 1954 gemät. De Lukas ass och vill weg geléint gin, an huet sou eng Parti Suën an d' Keess bruecht. Vun 1950 un hat d'Musik och eng eegen Dréin.

1960 huet d'Musik hir 50 Jor gefeiert an zwar den 8. August. D'Dréckerei Winter vu Réiden huet eng kleng Broschür gedréckt. Well déi Broschür schon virun de Festlichkeete färdig war, stin keng Eenzelheete vum Fest dran. Et waren rem eng ganz Rei Nopischmusiken derbäi, mat Cortège, Kiosk, Reeden a Medaillen.

Vun 1968 un ass d'Concordia Wahl eng Musik gin fir d'ganz Gemeng. Den neie Burgermeeschter Leo Peller hat bëssen an déi Richtung gedréckt. Vun 1972 un huet jidferengt vun eisen Dierfer säin Hämmelsmarsch a säi Kiirmesconcert krit.
De Januar 1969 war e wichtige Moment an der Entwécklung vun der Musik: De Franz Waltmans vu Kéiber kénnt als éischten Net-Wahler an de Comité. Hee bréngt och eng ganz Rei nei Musikante mat an de Veräin.
1968 koum eng Zäit, wou et mam Nowues uerg gehappert huet. Den Dirigent Alex Schwindt aus dem Préizerdaul, dee während 44 Joer d’Musik gefouert huet ass a Pensioun gaang. A seng Platz koum de Camille Rech vun Holz. Heen haat 3 oder 4 vu senge Kanner dobäi, waat gutt ausgebilden Musikanten waren. Daat huet der Musik neien Opschwonk gin.

De 15. Dezember 1973 presentéiert de Curé Raymond Weber eng Soirée mat allerlä Zaubertricken zu Wahl. Joren duerno gët hen do Paschtouer.
Zu Randschëlt gëtt den Hl. Willibrord zénter ville Joren op Päischtméindig veréiert. Aus dräi Himmelsrichtungen koumen d'Leit aus de Paren Ueschdrëf, Rammerich, an aus der Gemeng Wahl op Randschëlt gepilgert, mat hiren 3 Musiken un der Spëtzt vun der Prëssioun. Déi vill Leit sen natirlich net all an déi kleng Kiirch ragang. Döfir stungen hirer dann kéipweis beim Gedrénksauto vum Kirsch vu Rammerich. Dat huet dem Paschtouer glat net gefall, a si hu méi wéi eng gepeffert "Predigt" ze héiere krit. Aus praktische Grénn ass de Pilgerdag dunn op Päischtsonndig verluegt gin. Als éischt huet déi Rammericher Musik opgin, duerno déi Ueschdrëfer. Haut pilgert nach just déi Wahler Musik mat, an och nëmmen déi lescht 500 Meter bis an d'Kiirch. Ob déi Willibrords-Feier nach lang bestoë bleiwt, ass guer net sécher.

E grousse "Musiksdag" organiséiert d'Concordia am Mä 1974 mat Concert'en vun de Gesellschaften Schouweiler-Sprénking, Rollingergronn an dem Cercle Mandoliniste vun Déifferding.

1985 huet d'Musik hir 75 Jor gefeiert. D'Zäit vun dem schéin gerëschten Duerf, dem Cortège, de Médaillen war riwer. De Veräin krut en neien, moderne Fändel, fir deen sech 30 Geedelen a Pätteren spontan gemellt hun.

"Déi 2 vum Beerg" war e vun den éischten lëtzeburger Filmer iwert de Krich. He gouf 1986 zu Wahl gewiss. Fir d'Musikanten bësse méi staark ze motivéieren fir an d'Prouf ze kommen, ass 1986 eng Belounung fir déi fläissigst Musikanten agefouert gin.

An der Keess vun der Musik waren 1987 zimlich vill Suën, De Comité war der Meenung eng Musik wir kee Spuerveräin. Et war och gewosst, datt aner Veräiner net ëmmer gud Erfahrungen mat zevill Suën gemät haten. Döfir ass dunn en Tour vu 6 Deeg an Ëisteräich geplangt gin. Et gung an engt klengt, rouigt Duerf am Vorarlberg: op Stuben. Déi 43 Mann, déi derbäi waren, verzeelen nach haut vun deenen extra schéinen Deeg an de Beerger. Well am Duerf selwer näischt lass war, huet den Hôtelier, Heinz Brändle, sech vill Méi gin, fir all Dag eppes Flottes ze plangen. Z.B.: en Trëppeltour op St.Anton (mat Obstler), Bowling zu Bludenz, well et gereent huet,Tiroler-Owend mat Leederbox am Keller vum Hôtel, Frelle-Fëschen a Grillen um Weier zu Zug bei Lech. Un déi gud, sympathisch Atmosphär op deem Tour erënnert sech haut nach méi wéi een ëmmer rem gär.

1989 feiert Lëtzeburg 150 Jor Onofhängigkeet. Am ganze Land gëtt un deen Dag erënnert. D'Deerfer an eiser klenger Gemeng kënnen houfrig sen op dat wat si färdig bruecht hun:
Wahl: eng komplett Schmëtt op engem Won;
Bëschruedt: eng Millen;
Heeschpelt: eng Uucht;
Kéiber: d'Seechen vun de Wiichtelcher aus dem Kalwergronn;
Gréiwels: engt Schëff, dat un déi verongléckt Auswanderung no Brasilien erënnert huet.
Et war e flotten, dichtigen Cortège durch d'ganz Gemeng, mat Musik a Schoulkanner virop.

Ugangs der 90er Joren kommen eng Parti nei Iddiën op. Op der Gréiwelser Kiirmes am Juli 1989 ass den 1.Foussballmatch tëscht Musik a Pompjeeën gespillt gin.

Eng aner gutt Saach ass 1992 fir d'éischt gemeet gin: d'ganz Musik fiirt mam Bus op d'Fouer. Keng Suerg méi wéinst Parkplaz oder Promille! Punkt Hallëfnuecht ass d'ganz Equipe rem beim Bus. De Besuch op der Fouer gefällt sou gud, datt e bis haut nach ëmmer sou bäigehal gët.
1995 huet d'Musik den éischte Fakelzuch owes virum Nationalfeierdag organiséiert. All Duerf aus der Gemeng ass eng Kéier un d'Rei komm.
Um "Foire a Festival" 1997 zu Kaunerëf war eis Musik ganz aktiv. Et war vill Arbicht fir eis hëlze Bud an de ganze Rescht dohënner ze transportéieren, mee et war flott an och nach engt gud "Geschäft".
1999 huet d'Musik sech eng Okkasiouns-Camionnette vun der Post bëllig ugeschaft. Domat konnten déi vill Stécker vun der Perkussioun kamoud op d'Concert'en gefouert gin. Leider konnt e geschwën soën: Et war schéin, me et huet net lang gedauert. D'Gefier war méi ausgeleiert, wéi et am Ufank geschingt hat. No enger halwer Dose Jor, mat méi wéi enger "Himmelfahrt", huet dunn e Fransous se ofkaaft.

An der Generalversammlung vun 1996 koum et zu eeschte Meenungsverschiddenheeten iwert d'Féierung vum Veräin. Dat huet derzou
gefouert, dat 9 Musikanten hirer Wee gang sen. Sou eppes ass fir e Veräin natirlich e schlëmme Réckschlag. Et war eng grouss Chance, datt an de Méint duerno rem 7 nei, a gud, Musikante bäi komm sen. De Veräin hat dunn rem em déi 40 Memberen. Déi hu mat Begeeschterung den 1. Gala-Concert am Oktober 1997 gespillt.

Am Summer 2000 huet d'Concordia Wahl hiren 1. Concert op der Plëss d'Arem gespillt. Et war kal a naass. Knapps eng Dosen Nolauschterer stunge verschotert ënnert hire Prabbelien. Déi Joren duerno, a bis haut, gung et vill besser.
Am Februar 2002 huet de Veräin séng Statute geännert. Aus der Concordia Wahl gouf eng Asbl" Wahler Musik". Den Haaptgrond war, datt kee President méi wollt reskéieren, perséinlich haftbar gemät ze gin, wann et Problemer gin, aparti finanzieller.

Et war schon méi lang geleeëntlich dervu geschwat gin fir Kontakt mat der Nopeschmusik vu Grosbous opzehuelen. Bei hinnen ass dee Moment nët vill méi gelaf. Am Hierscht 2002 huet dunn déi éischt Presidentin d'Saach an d'Hand geholl. No ettlichen Schwierigkeeten sen déi zwéi Comité'en zesumme komm. Ganz hurtig sen se sech eens gin: Déi zwou Musiken bleiwen onofhängig, mat eegenem Comité an eegener Keess. D'Prouwen sen ofweeselnd bal zu Wahl, bal zu Grosbous. D'Concert'en an aner Manifestatiounen maachen se matenän, entweder ënnert "Wahler Musik" oder "Grosbouser Musik." Déi Wahler waren am Ufank bëssen enttäuscht well nëmmen 3 bis 4 Bousser matgemät hun. Mee ënnert dem Impuls vun dem engen oder aneren Musikant(in) sen zu Wahl, mee apart zu Grosbous eng ganz Rei Jonker, an och bësse manner Jonker, bäikomm. Et kann een haut sécher optimistisch sen fir d'Zukunft vun den zwéi Veräiner

Eng gud Saach war och bestëmmt eng aner, nei Iddi: D'Musikanten gin eemol am Jor bei all Primärschoulkanner. Do spillen si puer Stécker, stellen d'Instrumenter vir, a lossen d'Kanner selwer bësse blosen.

Am Wanter 2003 war am Sall zu Wahl den éischten Hiirkenowend, an ouni Ennerbreechung gouf et och am Januar 2010 erem sou en Owend.

Am Jor 2004 ass der Musik dat passéiert, wat e kengem Veräin wënscht: 11 Musikanten hun sech guer net méi wuel gefillt an hirem Veräin, a se raus gang. U wat et gehal huet war eigentlich net sou klor. Emmer manner Toleranz, manner Komerodschaft, méi "recht wëllen hun", méi Abildung, méi "dat hun ech nët néidig" oder ...? Dat sen sou eng Rei typisch Zeechen vun eiser "moderner" Zäit, déi och net spurlos un der Wahler Musik laanscht gang ass. Du sen nach puer ganz Jonker iwrig bliw, neewt en ettlich méi Aler. An dem wichtigen mëttleren Alter war näischt méi do. Amplaz d'Klëpple bei d'Tromm ze geheien, huet d'Jugend zum Veräin gehal, grad wéi déi Eeler, obschon sou munche Bobo si plot. Soss géif haut kee méi vun der Wahler Musik schwätzen.
Um Nationalfeierdag 2006 konnt d'ganzt Land déi Wahler Musik gesin. Mat zwou aner Musiksgesellschaften ass si matgang bei der Parad durch d'Nei Avenue.

Dat hei ass e klenge Réckbléck op 100 Jor Musik. Ganz bestémmt get et nach méi wéi eng Sach déi derwärt wir ernimmt ze gin, leider ass villes vergang a vergeess. Zum Schluss nach puer Kapitel iwer wichtig Themen fir de Veräin.

An dann: AD MULTOS ANNOS

MUSIKSFESTER A CORTEGE
Jorelang hun d'Musiksveräiner sech eng Ëier draus gemät, hir schéinst Geburtsdeeg mat hire Kollegen a Frënn aus der ganzer Emgéigend ze feieren. Sou och d'Wahler Musik. D'Deerfer sen rausgefiitzt a gerëscht gin. Den Dag selwer sen déi ageluede Veräiner, mat dem Jubilar, am Cortège mat flotte Märsch durch d'Stroosse vun der Uertschaft marschéiert. Beim Kiosk am Zentrum vum Duerf sen se all beienä komm. D'Prominenz huet Reede gehal, vill Tusche goufe geblos, Medaillen ausgedält. Déi Wahler Musik war och bei enger Parti Musiksfester mat Cortège derbäi.
1965 zu Esch-Sauer fir 150 Jor Escher Musik
1968 zu Holtz fir 100 Jor
1969 zu Folscht fir 50 Jor
1970 zu Bungerëf fir 75 Jor
1972 zu Viichten fir 50 Jor Union Chorale
1972 zu Attert (B) fir 125 Jor Fanfare Royale Nothomb
1973 zu Pärel fir 75 Jor
1973 am Préizerdaul fir 125 Jor
1973 zu Everling fir 50 Jor
1976 zu Hëpperdang fir 10 Jor
1979 zu Heischend fir 50 Jor
1981 am Schweecherdall fir 75 Jor

WALDFEST
Dat éischt Waldfest war 1947, an duerno regelméissig all Jor bis un d'Enn vun de 50er Joren. Vun 1979 un, rëm 20 Jor lang op derselwichter Plaz am Bësch virum Napoleonsgaard. Wann d'Weeder zevill schlecht war, ass d'Fest am Sall zu Wahl gefeiert gin. Dat war natirlich net dat selwicht. Eemol, no engem warme Summerdag, ass owes géint 11 Auer engt ellent Weeder komm. All Mënsch den am Bësch war, huet eng Hand ugepakt. Mat Unhänger an Autoen ass alles vum Napoleonsgaard an de Sall op Wahl gefouert gin. D'Feier um Thüringer-Grill war ënnerwee mol nët ausgang. Duerno war apart gutt Stëmmung am Sall.
Emmer méi Verkéier laascht de Bësch, ëmmer méi Virschrëften, ëmmer manner Loscht fir déi vill Arbicht beim Op- an Ofriichten, hun dunn d'Enn vum Waldfest bedeit.

SPRANGPRËSSIOUN
Den Dirigent Camille Rech an de Paschtouer Herber haten 1974 d'Iddi fir mat der Wahler Musik bei der Sprangprëssioun mat ze machen. Dat war eng ganz gutt Iddi, well vun do un ass d'Wahler Musik nach all Jor zu Echternach derbäi. Ob et déi apart Atmosphär zu Echternach ass, oder soss eppes, et huet nach keen eenzige Musikant dergéint geknoutert, fir mat op Echternach ze goën. De Päischtdaaschdig ass och no 35 Jor nach ëmmer eng vun de flottsten a beléifsten Sortien vun der Musik. An d'Wahler Musik ass souguer eng Grimmel houfrig, datt si nach ëmmer leng hire Mann zu Echternach gestallt huet. Aner Musiken din sech dack zu zwou oder och alt dräi zesummen, fir nach kënnen derbäi ze sen. Neewt der Prëssioun ass natirlich d'Mëttigeessen eng Haaptsaach vum Dag. Déi éischte Kéier ass zu Steenhem bei Gruber Mëttig gemät gin. 1975 a 76 bei Dimmer zu Wallenduerf-Bréck. 1977 zu Altréier. Vun 1978 bis 1986 bei Wenzel zu Wallenduerf-Bréck, wou d'Musikanten an hir Gäscht, vill flott Stonne verbruecht hun. Vun 1987 bis 1991 am Pérékop zu Bäerdrëf. 1988 gouf et am Cactus zu Dikrich engt gratis Eessen géint e klenge Concert. 1992 an 1993 rem bei Dimmer zu Wallenduerf-Bréck. 1994 an der Frégate zu Waasserbëllig. Do sollt alles besser sen, me vill Musikanten waren net zefridden. Vun 1995 bis 2004 huet d'Musik am Restaurant Kirchen zu Bur geess, den dunn leider zou gemät huet. Vun 2005 bis dëst Jor an der Brasserie 1900 zu Echternach. Déi éischt Joren huet et zum guden Toun gehéiert, datt den Ofschloss vun der Sprangprëssioun an enger vun der halwer Dose Wirtschaften an eiser Gemeng gefeiert gin ass. Dunn ass méi wéi e Musikant ganz spéit a gud gerëscht heem komm.
Hoffentlich hält d'Musik deen Dag nach lang an Ëieren!

THEATER
Am Artikel 2 vun de Statuten vun der Concordia Wahl lese mer: "Der Hauptzweck der Gesellschaft besteht darin, die schöne Kunst der Musik zu pflegen, durch Theateraufführungen Geist und Herz der Exekutanten zu bilden, sowie den Mitgliedern Gelegenheit zu geben ihre Mußestunden so angenehm als möglich zu verbringen."
Theaterspillen ass deemols fir sou wichtig ugesi gin, datt et souguer an de Statute ernimmt gét. D'Musik huet sech dat zu Härz geholl, an huet wéinistens 70 mol Theater gespillt an deenen 100 Jor.
Am Februar 1913 war déi éischt Virstellung. Vun do un all Jor bis 1964, ausser an de Krichsjoren. Hei puer Stécker aus den éischte Jorzingten:
- D'Kräiz am Bësch
- Mäin Associé
- Garcia Moreno
- Wolfram
- De Wenzel
- Déi nei Police
- Die eiserne Maske
- Dëppejann a Lompemann
- 2 Judden als Schmuggler
- Kladderadatsch

Am neie Sall iwert der Raiffeisekeess ass et 1972 rem ugang bis 1997.
1972: E Kouhandel D' Chamber garni
1973: De Wenzel vu Pirmasens Staffels Berta
1974: Den zersträte Professer
1975: De Bopi get verkaaft
1976: Op der Kirmes (och zu Rammerich !)
1978: D'Gléck um Schléiwenhaff
1979: De Klatzkapp
1980: D'Jonggesellesteier
1981: Fënnef Heeserchen
1983: D'Meedche vu Gëtzen
1984: De Rossbayard
1986: De 7. Bouf
1987: Paltong, Box an Heem
1990: D'Jonggesellekëscht
1991: D'Gléck um Schléiwehaff ( fir 2.)
1993: Ech laache mech futti
1997: De leschten Zeien
Duerno ass et rouig gin mam Theater vun der Musik bis an de November 2009. Dunn hu bal all déi sellwicht Akteuren wéi 1990, als Optakt vun den 100 Jor- Feieren, "d'Jonggesellekëscht" vum Alain Atten nach eng Kéier opgefouert.

SUBSID
E Subsid vun der Gemeng ass fir Veräiner aus klengen Uertschaften net nëmmen eng gud Hëllef, meeschtens ass en souguer leeweswichtig. En éischte Subsid vu 50 Frang huet d'Musik am Mä 1912 krit. Vun 1918 bis 1924 goufen et 40 F. Vun 1925 bis 1938: kä Subsid, mat Ausnahm vun 1936 fir d'25-Jor-Fest: 500 F. Och 500 F goufen et 1939 fir d'Onofhängigkeetsfeier. Nom Krich vun 1946 bis 1955 :1000 F. Vun 1956 bis 1966: 3000 F. En Extra-Subsid vu 5000 F fir d'Feier vun 1960. 1967 an 1968 sen et all Kéier 12 000 F gin.
Déi nächst 7 Jor, vun 1969 bis 1975 : 20 000 F. An de Joren duerno geet de Subsid zimlich séier an d'Luucht.
1976 : 30 000 F. 1977 bis 1979: 40 000 F. Vun 1980 bis 1982: 50 000 F. Vun 1983 bis 1986 : 60 000 F. 1987 goufen et 70 000 F. Vun 1988 bis 1995 waren et 75 000 F. En Extra-Subsid vun 60 000 F gouf et 1989, an och nach eng Kéier 1991: 87 000 F. Vun 1996 bis 1998 : 95 000 F. 1999 an 2000 waren et 105 000 F. A schließlich vun 2002 un : 2600 €.

CONCOURS
1969 zu Wolz: II. Divisioun. 17 Musikanten. 1. Präis mat "Bellatrix" an "Ricana"
1981 zu Schëffling: 31 Musikanten. "Danserye" an "Kleine Suite over Volksliederen"
1993 zu Tréier: Voll Optimismus hate mir äis an déi 2. Kategorie gemellt, (vun 3) mee et war vill ze schwéier fir äis. Trotzdem gud Laun an eng nei Erfahrung
1994 zu Suessem: 37 Musikanten. Vun der 3. an déi 2. Divisioun gestigen. 1. Präis mat grande distinction fir "Miniatures for band" an "Easy Pop Suite".
1998 zu Bouneweg: 40 Musikanten. Vun der 2. an d' 1. Divisioun gestigen: 1. Präis fir "Dynamic Fantasy" an "Concertante Fantasy"

Presidenten

Nicolas Kneip 1910-1922
Jean-Pierre Wilmes 1922-1926
Edouard Wagner 1926-1960
Nic Reding 1960-1965
Jean-Pierre Assa 1965-1977
Charel Peiffer 1977-1994
Romain Ihry 1994-1996
Charel Peiffer 1996-2000
Claudine Peiffer 2000-2003
Christophe Gravé 2003
Marie-Thérèse Majery-Petry 2003-2016
Pierre Loesch 2016-2023

 

Dirigenten

Jean Mergen, Grosbous 1910-1917
Edouard Kneip, Wahl 1917-1923
Alex Schwindt, Pratz 1924-1968
Camille Rech, Holtz 1968-1977
Nico Junk, Marc Breden 1977
Toni Wantz 1977-1988
Gaston Sadler 1988-1999
Didier Wein 1999-2000
Denis Henneaux 2000-2003
Putti (Pierre) Fischer 2003-2012
Pierre Rongvaux - Noruff 2013-2019
Sophie Pemmers säit 2020